Dee richtegen Domaine-Numm fir ären Internet-Site wielen

Ären Domaine ass är Online-Identitéit. Et ass also weesentlech e kreativen Numm ze wielen, deen einfach ze verhalen ass, fir datt d’Leit de Wee op ären Internetsite fannen.

Fir iech ze hëllefen en Domaine-Numm ze fannen, deen dat Bild rëmspigelt, dat dir vermëttele wëllt, sollt dir iech an d’Situatioun vum User versetzen an är Markephilosophie kloer am Kapp hunn.

Déi bescht Extensioun wielen fir säin Domaine

D'Extensioun dréit och zum Erfolleg vun ärem Domaine-Numm bäi. Den ".com" bleift déi bekanntsten Extensioun op der Welt. A ville Fäll ass et awer besser lokal ze denken an eng Extensioun ze wielen, déi spezifesch fir äert Land oder är Aktivitéit steet.

Séchert iech ären Numm

Kuckt no méiglechen Alternativen zum gewënschten Domaine-Numm a kaaft dës Nimm, wann dir d’Méiglechkeet hutt. Et ass och wichteg déi selwecht Nimm fir är Social-Media-Konten ze reservéieren. D'Zil ass et är Mark koherent ze vertrieden, onofhängeg vun der Plattform.

De Verloscht oder Vol vun ärem Domaine-Numm

Domaine-Nimm ginn heefeg geklaut. Meeschtens geschitt dëst duerch d’Hacken vun E-mail-Konten oder duerch direkten Zougrëff op de Kont beim Registrar.

De Verloscht vun Domaine-Nimm trëtt dacks op, wann de Besëtzer den Numm net virum Oflafdatum erneiert huet.

Zéckt net eis d‘Gestioun vun ärem Domaine-Numm unzevertrauen.