D'Wichtegkeet e gudden Host ze fanne fir är Websäit

Et ass net ëmmer einfach de richtegen Host (hébergeur) auszewielen, well et vill Fournisseuren um Marché ginn. Dës Entscheedung ass awer net onwichteg, well e schlechten Hosting kann ärem Image an der Visibilitéit vun ärem Site schueden. Beim Hosting ze spueren, kann iech also eng Deier ginn.

Mir erklären iech elo d'Haaptpunkten, déi ze berécksiichtege sinn:

Schnellegkeet vum Lueden

Méi wéi jee virdrun spillt d'Luedgeschwindegkeet vun ärer Websäit eng Schlësselroll fir de Referenzement SEO. Google leet grousse Wäert op dëse Krittär. Et muss een och ëmmer am Kapp behalen, datt d’Internetbenotzer net ganz gedëlleg sinn. Wann äre Site ze laang dauert fir ze lueden, wäert de Benotzer eng aner Internetsäit opruffen.

Sécherheet

Niewent dem SSL Zertifikat ass et och wichteg, datt den Host iech follgend Servicer, vu gudder Qualitéit, ubitt: Aktualiséierungen, Warnungen am Fall vu Secherheetslücken, Iwwerwaachung am Sënn vun Anti-Piratage, reegelméisseg an zouverléisseg Backups, wéi och eng héich Disponibilitéit vum Server.

Technesch Assistenz

En anert wichtegt Element ass d'Schnellegkeet an d'Professionalitéit vun der technescher Assistenz. A kritesche Situatiounen ass et wichteg reaktiv ze sinn, fir datt dir schnell eng Léisung fir äre Problem fannt. E Live-Chat-System ass an deem Fall ideal. Vergewëssert iech och, datt d’Agente vum technesche Service är Produkter am Detail kennen.

Protektioun vun den Donnéeën

Et ass ganz nëtzlech, Serveren an Europa ze hunn. Dëst erlaabt net nëmmen e méi séiert Luede vun de Säiten, mä och eng méi grouss Konformitéit mat europäesche Gesetzer.

Moossinstrumenter

De Web-Space an d’Bandbreet si wuel wichteg, mä entscheedend sinn och gutt Moossinstrumenter. Dëst erlaabt iech d’Gréisst vum Server, unhand vum Trafic op ärer Websäit richteg aschätzen ze kënnen.

Addedsense benotzt Servere vun héichqualitativen Data-Centeren, déi reegelméisseg Backups a konstant Updates vu Sécherheetssystemer garantéieren.

Zéckt net eis ze kontaktéieren, wann dir Froen iwwert den Hosting hutt.