Raking an Optimiséierung fir d’Sichmaschinnen (SEO)

Déi heefegst Froe bezéien sech op d’Positionéierung an de Sichmaschinnen an op d’Verbessere vun der Visibilitéit vum Site.

Wann et an der Vergaangenheet duergaangen ass just e puer Schlësslwierder op ärem Site bäizesetzen, ass haut d'Konfiguratioun eng Aner.
D'Klassementkrittäre vu Sichmaschinne, wéi Google oder Bing sinn e gutt gehalent Geheimnis. Esou kënnen Experten, am Online-Marketing oder an der Optimiséierung fir d’Sichmaschinnen, net behaapten all eenzel Krittären am Detail ze kennen.

Natierlech Positionéierung

E gutt Klassement hänkt vu ville Facteuren of, ewéi der Struktur vum Site an enger ganzer Rei vun technesche Krittären: Optimiséierung vum Code source (HTML, CSS, JS), den Inhalter, d'URLen, d'Taggs, d'Schnellegkeet vum Lueden, asw., dës Lëscht ass net komplett.

De Contenu bleift awer dat zentraalt Element, well Google iwwerpréift dëse ganz genee. D'Lëscht vun de Krittären ass laang: Qualitéit vum Text, Längt, Verständnis, Orthographie, Schlësselwierder, Semantik, Paragrafen, Rubricken, Audio a méi.

Et ass dofir wichteg, datt är Texter vun engem professionelle Redakter geschriwwe ginn a besonnesch vun enger Persoun, déi d'Reegele vum SEO gutt kennt.

Mir kënnen iech bei dëser Aarbecht ënnerstëtzen.

Déi mobil Versioun ass essentiell

Internet-Recherchen iwwer Smartphone oder Tablette si méi heefeg ewéi iwwer Desktop. D’Verhale vun de Benotzer huet sech verännert!

Dëst bedeit, datt Google déi Mobil-Versioun vun enger Websäit, virun der Desktop-Versioun duerchleeft. Dofir sidd dir kloer am Nodeel, wann är Mobil-Versioun net optimiséiert ass.

Aus all dëse Grënn, ass et vu Virdeel op en Expert zeréckzegräife fir äre Site ze optimiséieren.