Kreatioun vun engem Internet-Site - Wat mécht e gudden Internet-Site aus?

Fir datt de Projet en Erfolleg gëtt, soll een eng ganz Rei Schrëtt beim Opbau vun engem Internet-Site a Betruecht zéien. Bei dësen eenzele Schrëtt, sti mir iech zur Säit! Mir analyséieren är Besoine wéi och är Méiglechkeeten. Dobäi soll dir den Zweck wéi och d‘Zilgrupp vun ärer Internetsäit definéieren. Éier mir mam Design vum Site ufänken, deen är visuell Identitéit an de Virdergrond soll stellen, schafe mir mat iech zesummen déi beschtméiglechst Strategien aus. Den Encodage, d‘Optimiséierung fir Sichmaschinnen (SEO) an d'Sécherheetskonfiguratioun, stellen aner wichteg Elementer vun eiser Aarbecht duer. Mir bidden iech och en Training am Content Management System (CMS) un.

Avant-projet a virleefeg Froe fir d’Kreatioun vun ärem Internet-Site

  • Firwat braucht dir en Internet-Site?
  • Wat ass d’Zil vun dëser Websäit?
  • Wéi eng Zilgrupp soll ugeschwat ginn?
  • Wéi eng speziell Funktioune braucht dir?
  • Hutt dir den Typ vun Internet-Site definéiert? (zB Vitrine Site - E-Commerce Site - professionelle Site)?
  • Wie schreift de Contenu vun der Websäit? (denkt un den - SEO)
  • Wéi eng Site gefalen iech a firwat?
  • Wéi eng Site gefalen iech net a firwat?
  • Wat ass äre Budget?

Detailer vun der Internetsäit si wichteg

  • Wat ass ären Domain-Numm?
  • A wéi enge Sprooche wëllt dir kommunizéieren?
  • Wéi vill Säite soll den Internetsite hunn a wéi soll säin Opbau ausgesinn?
  • Wéi soll d'Struktur vun der Säit sinn?
  • Wéi eng Elementer sollen op all Säit agesat ginn?

Fir dës virleefeg Etapp, ass et vu Virdeel seng Ziler unhand vun engem Cahier des charges ze definéieren.

7 Etappe fir den Opbau vun engem effikassen Internetsite

ETAPP 1: Eng éischt Reunioun

Mir proposéieren iech eng éischt Reunioun ouni weidert Engagement vun ärer Säit.

D’Zil vun dëser Reunioun wäert et sinn all déi virleefeg genannte Froe mat iech duerchzegoen, éier mir mat der Kreatioun vun der Internetsäit ufänken. Besonnesch, analyséiere mir är Web-Strategie an är Ziler. Dës Etapp ass och eng Geleeënheet fir iech d'Haaptfunktiounen an d'Charakteristike vun aktuellen Internet-Sitë virzestellen.

Mir beschwätzen dann den Inhalt an d'Struktur vun ärem Site a virun allem och d'Informatiounen an d'Thematiken, déi kommunizéiert solle ginn.

ETAPP 2: Preparatioun vun der Offer

An enger zweeter Etapp, analyséiere mir de Projet am Detail a preparéieren eng ugepassten Offer fir d’Zesummestellung vun ärem Internet-Site.

ETAPP 3: Entwécklung vum Web-Design

An dëser Etapp, reservéiere mir ären neien Domain-Numm. Mir schaffen en Design aus fir är Websäit, deen déi verschidden Aspekter vun ärer Mark a vun ärer visueller Identitéit respektéiert (Logo, Faarf-Schema, Schrëften, Biller, asw.).

ETAPP 4: Validatioun vum Design

Mir leeden iech dann den ausgeschaffte Design weider, fir d’Validatioun. Zesummen ënnerhuele mir déi néideg Modifikatiounen.

ETAPP 5: Kreatioun vum Internet-Site

Esoubal den Design validéiert gouf, kodéiere mir all d'Elementer vum Site. Op dës Manéier kréie mir eng realistesch Duerstellung vun der Struktur vum Site a senger Gestioun. No enger méiglecher Optimiséierung, integréiere mir den Text an d'Biller.

Wärend den Aarbechten hutt dir jidderzäit Zougang op den Internetsite fir sengem Verlaf a senger Entwécklung nozegoen. Op dës Manéier, kënne mir zesummen optimal Léisunge fannen, fir esou de Site schnellstméiglechst online ze setzen.

ETAPP 6: Web-Optimiséierung – SEO

Wann dir iech fir den SEO-Package entscheet, dann optimiséiere mir äre Site fir de en gutt Positionéierung op de Sichmaschinnen. Fir weider Informatiounen, klickt op d’Säit « Positionéierung – SEO ».

ETAPP 7: De Site geet online

An der leschter Etapp, setze mir äre Site online op deem gewënschtenen Dag, deen am Cahier des charges festgeluecht gouf. Mir garantéieren d’Sécherheet vun der Websäit duerch ëmfaassend Tester a suergfälteg Iwwerwaachung wärend den éischten Deeg.

D’Optioune verbonne mat der Kreatioun vum Internet-Site

CMS Formatioun

D’Kreatioun vun engem Internet-Site hält net op, nodeems dësen online gesat gouf! Wann dir äre Contenu selwer verwalte wëllt, da bidde mir Formatiounen am Content Management System (CMS) un.

Redaktioun vum Contenu

Fir eng optimal Positionéierung ze kréien, ass et wichteg eng gutt Qualitéit vum Contenu ze garantéieren. Dir fannt méi Informatiounen doriwwer an eiser Rubrik „SEO“.